Mir gin 2-3 mol am Joer Hénger sichen aus letzebuerger Buedemhaltung an probéieren der esou vill wéi méiglech ze retten. Dëst sinn Hénger wou circa 15 Méint aal sinn, an dann geschluecht ginn, well se net méi produktiv genuch sinn. Mir kruten bis elo 2.162 Hénger an en neit Doheem vermëttelt. Villmols merci alleguer wou bereet sin, desen Hénger en neit Doheem ze garantéieren. Mir machen dat Bénévole an mir këmmeren ons em den Transport an bréngen se op verschidden Platzen hei am Land wou dir se dann ofhuelen kënnt.
Denkt wegl drun dass dir Këschten musst mattbrengen fir d’Hénger ze transportéieren. Dës Hénger friessen ufanks NËMMEN Legemiel, keng Kären well sie dat net kennen. Dir kënnt sie awer duerno lues an lues un Kären gewinnen.
Falls dir en Stall hutt MATT Auslaf, (Auslaf muss garantéiert sinn, reng Stallhaltung akzeptéieren mir net) dann kënnt dir iech gären mellen.